Déi glécklech Gewënner heeschen "The Other Side of Hope" an "I Am Not Your Negro", fir déi zwee Haaptpräisser ze nennen. Dir héiert den Aki Kaurismäki, Cineast vum Film, dee gewonnen huet: sou hat hie sech op der Berlinale iwwert säi Film geäussert. An Dir héiert de Rémi Grellety, Produzent vum Laureat bei den Documentairen, "I Am Not Your Negro".
Zu Wuert kënnt ausserdem d'Gladys Lazareff, Coordinatrice générale vum Festival an engem ofschléissende Statement.