Am Théâtre Ouvert Luxembourg ass den Owend d'Première vum briteschen Dramatiker Alan Bennett sengem Theaerstéck "Talking Heads" a franséischer Sprooch: "Moulins à Paroles" De Metteur en scène Jérôme Varanfrain weist e Stéck mat ganz ville Rythmuswiesselen, wou vill Emotioune matspillen, vermëscht mat engem décke Pak schwaarzem briteschen Humor. Erzielt gëtt d'Geschicht vun dräi Fraen a vu hirem Liewen. Déi dräi Frae schwätze vill, et ass bal wéi e laangt Gedicht, mä se maachen sech op. Vläicht ze vill, wie weess. An da si mer um Punkt, wou dat Tragescht komesch zum komesch Tragesche gëtt. D'Gemeinsamkeet vun de Fraen ass d'Alleng sinn, d'Solitude.
De Jean Claude Majerus mat Impressiounen aus enger Prouf.