Aacht Dänzerinnen an Dänzer huet de Jean-Guillaume Weis zesummebruecht, déi ganz expressiv déi bewosst an onbewosst Virstellungen an Erwaardunge vum Eenzelen thematiséieren. De Publikum gëtt Zeie vun Tentatiounen a Defien, déi jiddereen a sech dréit an déi keng Grenzen hunn.
D'Trixi Weis schreift sech responsabel fir d'Bühnebild an d'Kostümer, den André Mergenthaler fir déi musikalesch Begleedung. D'Valerija Berdi huet sech mat hinnen ënnerhalen.