Den 23. Abrëll ass den Doudesdag vun den zwee bedeitende Schrëftsteller William Shakespeare a Miguel Cervantes.
Aus deem Ulass huet Generalkonferenz vun der UNESCO 1995 decidéiert, all Joer dësen Dag de Bicher an de Auteuren ze dediéieren. Och zu Lëtzebuerg steet dësen Dag am Zeeche vun der Literatur a sëllech Manifestatioune ronderëm d'Liesen a Schreiwe ginn an der Woch vum 23. bis 29. Abrëll organiséiert. "Mam Buch an d'Zukunft" ass de Motto vun der Editioun vun dësem Joer. Detailer mam Valerija Berdi.