"CyberTrappEd" ass den Titel vum Charles Meder sengem Hörspill, mat deem hien déi zweet Editioun vum 100,7 Radio-Präis d'lescht Joer gewonnen huet. "CybertrappEd" ass Enn Mäerz am Tounstudio Recording Trier vum Tobias Ney ënnert der Regie vum Claude Mangen vertount ginn. Zesumme mat de Schauspillerinne Friederike Majerczyk an Ewa Malkiewicz gëtt den Nolauschterer an d'Welt vum Lina mat eragezunn, dat am digitalen Netz gefaangen ass.
D'Tessy Steffen Koenig war bei den Opnamen dobäi an huet sech ugekuckt, wéi esou eng Produktioun hannert de Kulissen ausgesäit.