Am Mudam kann een den Ament eng Ausstellung mat Wierker vum englesche Kënschtler Darren Almond kucken. "Timescape" weist op villfältege Supporten eng grouss Kohärenz wat d'Konzept ubelaangt. Den Darren Almond beschäftegt sech mat Interaktiounen tëscht Raum an Zäit, Geschicht a Landschaft, a verbënnt wëssenschaftlech Erkenntnisser mat metaphyseschen Iwwerleeungen.
Am zweeten Deel vum Reportage iwwert seng Expo, huet de Kënschtler d'Cléo Thoma, ënner anerem, an de südpatagoneschen Nuechthimmel kucke gedoen.