En neit Editiounshaus zu Lëtzebuerg, dat exklusiv op englesch publizéiert: Black Fountain Press gouf den Dënschdeg (28.3.) offiziell lancéiert. Hannert der Editioun Black Fountain Press stinn d'Anne-Marie Reuter, d'Nathalie Jacoby, de Jeff Thill an de Laurent Fels. Dat éischt Buch dat Black Fountain Press erausgëtt ass fir Mëtt Mee virgesinn - awer en éischten Abléck kann ee schonn den Donneschdeg, 6. Abrëll op der Soirée "Do you speak English" am CNL zu Miersch kréien.
D'Nathalie Bender war op d'Lancementssoirée virwëtzen.