Fir déi 10. Editioun vum Printemps des Poètes - Luxembourg (31.3.-2.4.) ënnert dem Thema "Afrique(s)" haten d'Organisateure sonndes, den 2. Abrëll op e "Best Of du Printemps" an d'Galerie Simoncini agelueden. Bekannte SchrëftstellerInnen an Dichter, Gäscht vu rezenten Editiounen, wéi Edith Azam, Moritz Beichl, Anise Koltz, János Lackfi, Amir Or, Jean Portante, Habib Tengour hate sech zesummefonnt, fir déi aktuell Poesie ze feieren. Musikalesch encadréiert gouf dës Matinée vum Bandoneonist César Stroscio.
D'Opnam gouf realiséiert vum Alice Grandgenet.