15 Joer ass et hier, datt de Lëtzebuerger Kënschtler Michel Majerus beim tragesche Luxair-Accident ëm d'Liewe koum. A senger Heemecht Berlin erënneren den Ament zwou Ausstellungen, an der Galerie Neugeriemschneider an am Michel Majerus Estate, un den Artist a loossen déif blécken. Et ass schwéier dem Michel Majerus säi Wierk z'interpretéieren. Hie selwer huet zu Liefzäiten vun der "Befreiung des Malers vom Thema Ausdruck" geschwat. Vill méi sollt et sech bei him ëm eng nei visuell Sproch dréinen, déi manner subjektiven Ausdrock a méi objektiv Realitéit ass. Dës Realitéit war fir de Michel Majerus den Hyper-Kapitalismus an den 1990er-Joren an den Ufank vum digitalen Zäitalter. Seng Biller weise Computerfigure wéi de Super Mario, Comiczeechen oder iwwerdimensional grouss Elementer aus Reklammen. Hie wier ee Kand vu senger Zäit gewiescht. De Max Tholl war d'Ausstellunge kucken.
arrow_back_ios
Kultur
Berlin erënnert un de Michel Majerus
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden

Der Viki Mladenovski hire faarwege Bléck an d’Kulisse vun de Rotonden
An engem Wimmelbuch ëmmer nees nei Geschichten entdecken.

150 Joer Maurice Ravel
Ee Genie a seng abenteuerlech Karriär

Um Radar - de Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir de Weekend net verpasse sollt.

LuxFilmFest (1) D'Ouverture
Gëschter war d’Ouverture vum LuxFilmFest – dëst Joer war den Ouverture Film "Hot Milk", an deem d’Vicky Krieps matspillt an deen och op der Berlinale am Wettbewerb gelaf ass

Chernobyl
D'Serie hëlt eis mat bei déi nuklear Katastroph zu Tschernobyl am Joer 1986.

Harp in Harmony
D'Catherine Beynon weist déi verschidde Facettë vun hirem Instrument.

Rentrée littéraire: "Bristol" vum Jean Echenoz
Deen 18. Roman vum Jean Echenoz ass, wéi vum Auteur gewinnt, verspillt, ironesch a verdaamt gutt geschriwwen.

Taste In Music - Luke Pyenson and Alex Bleeker
Wéi gesinn d’Iessgewunnechte vun Indierock-Museker aus, wa si op Tour sinn? A wat fir Geschichten entsti ronderëm den Iessdësch, wann ee fir puer Méint op Rees ass?

De 15. LuxFilmFest start den Owend
Den Alexis Juncosa, Programmdirekter vum Luxembourg City Filmfestival, iwwer déi 15. Editioun

Thellus
Eng BD vun der Italieenerin Simone Mogavino, déi eis mat en eng Science-Fiction-Welt hëlt.

"Auch der ganze Tag ist mein Life"
D'Ana Maria Tzekov iwwer hir Aarbecht als Directrice artistique vum CAPE an doriwwer, wéi een eng gutt Work-Life-Balance fleegt.

"Anerer hunn d'Relève geholl"
Haut koum d'Nouvelle, datt de Festivall Musek am Syrdall mat senger 36. Editioun op en Enn kënnt.

Lëtzebuerger BDen
D’Lëtzebuerger BD huet sech an de leschte Joerzéngten immens moderniséiert.

D'Kinnigin aus der Loft
Déi historesch Figur Amelia Earhart erwächt an enger neier Oper vun der Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic zum Liewen.

Filmkritik: "I'm Still Here"
De brasilianesche Polit-Drama gouf mam Oscar fir dee beschten internationale Film ausgezeechent. Extrait aus dem Grousse Kino

Rising Star - Lukas Sternath
"Ech ka vu mengen Dreem liewen“

Am Gespréich mat der Renelde Pierlot
No "Mettre au Monde" - ee Stéck iwwer Leihmutterschaft - brécht d’Realisatrice Renelde Pierlot mat engem weideren Tabou-Sujet a proposéiert mat "Les jours de la lune" ee Stéck iwwer Menstruatioun

Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, war Dir ënner der Woch net verpasse sollt.

Een Duell tëschent Klassik an Jazz
Zwee Pianisten, zwee Pianoen a ganz vill Improvisatioun erwaarden d'Visiteure beim Concert vum Jean-François Zygel a Paul Lay.
