Auf der Suche nach Europa - Lange Nacht der europäischen Literatur: Texter vu Katja Lange-Müller, Marie Darrieussecq a Guy Helminger am IPW.
D'Resultat vum Projet "Hausbesuch - visite à domicile", enger Initiativ vum Goethe Institut Nancy an dem Institut Pierre Werner, gëtt vun dësen dräi Schrëftsteller am Laf vun der "Langen Nacht der europäischen Literatur" am Institut Pierre Werner gelies.
Am Ganzen zéng Auteuren ware fir "Hausbesuch" uechter Europa an hu sech an all Kéiers zwou Stied inspiréiert, fir eng sougenannt literaresch Miniatur ze schreiwen, déi all zesummen zënter Ufank vum Joer als E-book beim Frohmann Verlag publizéiert sinn. All Text gouf dobäi an déi sechs Sprooche vum Projet iwwersat: op däitsch, franséisch, hollännesch, spuenesch, portugisesch an italienesch. D'Nathalie Bender huet sech mam Guy Helminger iwwert säin Text ënnerhalen.