Musek-Videoe si fir Museker dee beschte Wee fir hir Wierker um Internet ze verdeelen. Allerdéngs géif et de Videoe vu Lëtzebuerger Museker dacks u Professionalitéit feelen, an de Produktiounen u Suen, seet den Direkter vum Filmfong Guy Daleiden. Vum 1. November u kënne Museker bis zu 10.000 Euro Ënnerstëtzung kréien, wa si ee professionelle Videoclip produzéiere loossen.
Déi nei Hëllef ass och eng Mesure fir d'Zesummenaarbecht tëschent der Museksbranche an der Filmindustrie ze fërderen. Den Direkter vu Music:LX, Patrice Hourbette, schwätzt vun engem historesche Moment. Iwwer dëse Wee kéint zu Lëtzebuerg eng Industrie entstoen, déi virun allem am Musek-Secteur géif feelen.
E Bäitrag vum Yves Stephany.