arrow_back_ios
Kultur
Meat Loaf: De Sänger mat der gewalteger Stëmm
Mam Kënschtlernumm "Gehaktesbrot" oder "Hackbraten" oder "Roti de Viande haché" hätt ee wuel an eise Géigenden musikalesch net grad déi gréisste Karriär gemaach. Mä am Engleschen ass dat awer mat "Meat Loaf" anescht. Zënter wäit iwwer 40 Joer steet de Meat Loaf, mam richtegem Numm Marvin Lee Aday, schonn op der Bühn. An och mat 70 Joer polariséiert hien d'Mënschen nach mat senger gewalteger Stëmm. E Portrait vum Jean-Claude Majerus.