Europa Aktuell
2. Well: méi differenzéiert Approche zum Zoumache vun de Grenzen
An der ganzer EU klammen d'Zuele vun den Infektioune mam Coronavirus. Der Europäescher Kommissioun no gëtt et den Ament iwwer 1,1 Millioun confirméiert Fäll, all Dag ginn iwwer 1.000 Doudesfäll an der EU enregistréiert. A ville Länner ginn nees Restriktiounen ageféiert, deels vill méi streng wéi zu Lëtzebuerg.
Gëschter hunn d'EU-Staats- a Regierungscheffen de Point gemaach iwwer d'Situatioun an iwwer hir Strategien diskutéiert. Ass elo nees domat ze rechnen, datt d'Grenzen zouginn? A klappt et dës Kéier besser mat der Koordinatioun ënnereneen? Doriwwer schwätze mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.