Europa Aktuell
Europaparlament wëllt streng Krittäre fir Anti-Krise-Fonds
Den Anti-Krisepak vun der Europäescher Unioun läit den Ament bekanntlech op Äis, well zwee Länner blockéieren. Hir Oppositioun ass awer net dat eenzegt, wat dem Ausbezuelen vun de Fongen am Wee steet.
390 Milliarden Euro sollen aus deem Fonds de Relance a Form vu Subside verdeelt ginn - awer net einfach esou. D'Länner mussen Demande mat detailléierte Beschreiwungen iwwer d'Mesurë maachen, fir déi si eng Finanzéierung ufroen.
Den Ament verhandelt d'Europaparlament mat de Memberlänner iwwer d'Krittären, déi dobäi mussen agehalen ginn. D'Danièle Weber informéiert.