arrow_back_ios
Europa Aktuell
Europa Aktuell
An eppes méi wéi 30 Deeg verloossen d'Britten definitiv d'EU. Mee wéi déi Sortie genee soll ausgesinn, dat ass nach onkloer. Well heeschen: fir de Moment ass nach net gewosst, wéi eng Relatioune Groussbritannien an d'EU an Zukunft wäerten hunn. D'Negociatioune sinn nämlech nach net ofgeschloss. Trotzdeem ass den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF sech sécher: een Accord wäert ganz geschwë fonnt sinn.