arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU wëll méi gezilt géint Mënscherechtsverletzunge virgoen
Grad nach zur Zäit vrum internationalen Mënschrechts-Dag (deen iwwermuer ass) si sech gëscht d'EU-Memberlänner iwwert een neie Sanktiouns-Regime eens gi, fir géint Verstéiss géint d'Mënscherechter virzegoen.
Fäll wéi dee vum russesche Oppositiounspolitiker Alexei Nawalny oder d'Diskussiounen ronderem Sanktioune géint Leit am Belarus haten um Schluss fir méi Drock gesuergt, an deem Dossier virunzekommen.