arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU-Kommissioun leet sech mat AstraZeneca un
Gëscht huet déi europäesch Medikamentenagence EMA den Impfstoff vun AstraZeneca autoriséiert. Et ass den drëtte Vaccin géint Covid um europäesche Marché. Eigentlech eng gutt Nouvelle...mee de brittesche Labo huet annoncéiert datt en net déi Quantitéite kéint liwweren, déi ofgemaach war. D'EU-Kommissioun huet rout gesinn. Op dee Sträit kënnt den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF zréck.