arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Border Patrol

Border Patrol

E puer interessant Artisten aus Frankräich mat hiren neien Albumen. Gemeinsam hu si eng Musek, déi d'Aflëss vun hire ville Reesen erëmgëtt an den Asaz géint Rassismus an Ausgrenzung:

De franséische Gittarist, Produzent, Arrangeur, DJ an experimentéierfreedege Soundtüftler Nicolas Repac, Laangzäit de Compagnon vu bekannte Leit wéi en Arthur H oder Komponist an Arrangeur vum Alain Bashung, huet en interessanten drëtten Album ënner sengem Numm verëffentlecht, dee "Rhapsodic" iwwerschriwwen ass. Och aus Frankräich mat kreoleschen Originne kënnt den David Walters, deen op sengem leschten Album "Nocturne" karibesch Rhythme mat Cello a Kora kombinéiert a sech gutt ëmginn huet.


Farees, en Artist deen a ville Länner gewunnt huet mat multiracialen Originnen, e Mënsch, deen eng aner Perspectiv huet op d'Gesellschaft an d'Relatiounen. Net fir näischt heescht säin neien Album "Border Patrol".


Fir "The Flood and the Fate of the Fish" huet den Oud Meeschter Rabih Abou-khalil aus dem Libanon sech de laang geheegten Dram erfëllt sech mat Museker ze ëmginn, mat deenen hien an de leschte Joerzéngten zesummen geschafft huet, an déi zu enke Frënn gi sinn.


Playlist:



Nicolas Repac Rhapsodic - In the Land of Your Soul

Blundetto - Feel the Cold (feat. Hindi Zahra) - Good Good Things

2fox - Tomorrow (feat. Afronaut Zu) - Inner Drum Remixes

Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Papa Kossa - Nocturne

Yasmin Williams - In The Land - Urban Driftwood (feat. Amadou Kouyate)

Farees - Border Patrol - Border Patrol

Farees - I'm Privileged - Border Patrol

Dubioza Kolektiv & Manu Chao - Cross the Line - #fakenews

Alostmen - Teach Me - Teach Me

Rabih Abou-Khalil - Is There Wine? - The Flood and the Fate of the Fish

Jason Moran & Archie Shepp - He Cares - Let My People Go


Episoden

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow

Think twice, before judging

Soul, Blues, Gospel, Hoffnung, Léift … déi afrikanesch Diaspora kënnt zu Wuert a mir entdecken nei en Album aus den ufanks 70er Joren
headphones

56 min

play_arrow

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status

“Be kind to one another” (David Byrne/Brian Eno)

D’Slogane vun der T-Shirt-Kultur, d’Fra als Objekt, roueg a poetesch Klanglandschaften aus Norwegen an e Lidd mat Kult-Status
headphones

56 min

play_arrow

“The Eternal Now” (Chip Wickham)

Facetteräich an originell Singer-Songwriter, Pärelen aus der englescher Jazzzeen a kuerz virum Startschoss e Bléck op d’Transmusicales vu Rennes
headphones

56 min

play_arrow

Trans Musicales

En Ausflug an d’Sahara, eng Etapp bei de Garifuna an e Bléck op d’Trans Musicales vu Rennes.
headphones

57 min

play_arrow

Un automne 2025

En eenzegaartege Songwriting, eng musikalesch Rees op de Spuere vum Sklavenhandel an e Bléck op d’Programmatioun vun den Transmusicales vu Rennes.
headphones

56 min

play_arrow

Hybrids and more

Afrobeat, Hybrid-Jazz, an e Retour an d’70er bei e Singer-Songwriter, op deen a Südafrika eng Iwwerraschung gewaart huet!