arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Soul erverywhere

Soul erverywhere

Den Delvon Lamarr Organ Trio, och nach bekannt als DLO3, amerikanesch Soul Jazz Grupp, déi 2015 gegrënnt gouf an direkt grousse Succès hat. Den Trio huet elo säin zweeten Studio Album erausbruecht, "I Told You So".


D'Soul steet och am Zentrum vun The Devonns an de Black Pumas ... ëmmer erëm e Stil, dee beréiert.


Opern Flair vun der amerikanesch-kanadescher Singer-Songwriterin a Filmkomponistin Beverly Glenn-Copeland um Album "Transmissions: The Music of Beverly Glenn-Copeland", eng Anthologie, déi Lidder vu verschiddene vun hiren Diske regruppéiert.


Déi zwee Singer-Songwriter Andrew Bird an Jimbo Mathus hunn en neie gemeinsamen Album, deen "These 13" heescht.


"Season of the Witch" ass e Lidd vum schottesche Singer-Songwiter Donovan, dat 1966 op sengem drëtten amerikaneschen Album "Sunshine Superman" ze fannen ass, en Disk, deen dem Artist seng psychedelesch Phas agelaut huet.


D'Titellidd vu Sunshine Superman gouf elo revisitéiert vum Iggy Pop, zesumme mam legendären Hammond B-3 Organist Dr. Lonnie Smith op dësem sengem Album "Breathe".


De flamännesche Sänger, Interpret an Aktivist Jaouad bréngt säin éischten Album eraus mam Titel "Messias". Dem Jaouad geet et drëms d'Mënschen zesummenzebréngen iwwer de Wee vun der Konscht an dem Dialog.


Och déi englesch Tindersticks hunn eng Aktualitéit, "Distractions" iwwerschriwwen. Krautrock-Aflëss, plazeweis nach méi downtempo wéi gewinnt, d'Stëmm pëspert an eegesënneg Coverversioune sinn derbäi ...


Playlist:



Delvon Lamarr Organ Trio - Aces - I Told You So

The Devonns - Blood Red Blues (Protest Song) - Single

Black Pumas - Colors - Black Pumas (Deluxe Edition)

Beverly Glenn-Copeland - La Vita - Transmissions: The Music of Beverly Glenn-Copeland

Jimbo Mathus & Andrew Bird - Beat Still My Heart - These 13

Donovan - Season of the Witch - Sunshine Superman

Dr. Lonnie Smith & Iggy Pop - Sunshine Superman - Breathe

Jaouad - Family Ties - Messias

Tindersticks - A Man Needs a Maid - Distractions

Tindersticks - Tue-Moi - Distractions

Tindersticks - The Bough Bends - Distractions

Chapelier Fou - Constantinople - Méridiens


Episoden

Beats, Jazz & more

Hypnotesch, melancholesch, däischter oder grooveg Titelen aus verschiddene Genren.
headphones

55 min

play_arrow

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow