arrow_back_ios
Europa Aktuell
Wéi gréng ass d'Atomenergie?
Wéini ass eng Investitioun als gréng unzegesinn? An der EU gëtt et Reegelen, déi dat definéieren: An der sougenannter grénger Taxanomie gëtt festgeluecht, wéi eng ekonomesch Aktivitéiten als gréng oder nohalteg agestuuft ginn. D'Reegelen sollen iwwerschafft ginn, an do gëtt et Sträit. Virun allem doriwwer, ob een d'Bedreiwe vun Atomenergie oder Gas-Kraaftwierker als gréng ka bezeechnen.
D'Europäesch Kommissioun soll haut déi nei Reegelen virstellen. Et kéint sinn, datt déi waarm Gromper doran net ugepaakt gëtt. Detailer vum Danièle Weber.