arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Back on Stage

Back on Stage

D'Black Keys hunn dëser Deeg hir nei Single "Crawling Kingsnake" verëffentlecht an hireN neien Album "Delta Dream" via Nonesuch ugekënnegt. Et ass hiren zéngten Album, op deem den Duo seng Racinnen an Éieren hellt.


A Certain Ratio gouf 1977 zu Manchester gegrënnt. D'Post-Punk/Funk Formatioun huet vill aner Artiste beaflosst, 1985 ware si op der Affiche vum Womad Festival a sinn haut 35 Joer méi spéit nees eng Kéier programméiert.


Och programméiert sinn The Future Shape Of Sound, e Kollektiv mat bis zu zéng Leit op der Bün, jee no Geleeënheet. Begleet vum Museksproduzent Alex McGowan aka Captain Future erwaart eis hei eng Band Rock'n'Roller, Blues Museker a Gospel Sänger.


Greentea Peng, eng neo-Soul, psychedelesch R'n'B'-Sängerin a Songwriterin vu London, hir Aarbecht gëtt beschriwwen als e Mix aus Amy Winehouse a Lauryn Hill awer mat heavy Mother Earth vibes, och si ass dëst Joer um Line-Up vum Womad Festival.


En anere neie Numm aus England ass Fable. D'Single "Orbiting" kënnegt hiren Debut-Album un, deen dëst Joer erauskënnt. An hei geet et drëm sech d'Welt mol aus der Distanz, mat Recul unzekucken ...


Playlist:



Rhiannon Giddens - Brown Baby (with Francesco Turrisi) - There Is No Other

The Black Keys - Crawling Kingsnake - Delta Kream

A Certain Ratio - Get a Grip - ACR Loco

The Future Shape of Sound - Gone All Wrong (feat. Amani Z & Big Joe Louis) - Shakedown Gospel

Greentea Peng - Hu Man - Single

Fable - Orbiting - Single

Freedom Candlemaker - Gold - Single

Anthony Genn & Martin Slattery - Ballad of Polly Gray (From 'Peaky Blinders' Series 4)

Vee Mukarati - Mutorwa (Alien) - Vital Signs

Nitin Sawhney - Dark Day - Dystopian Dream

Debashish Bhattacharya - Papa Tau (A Tribute to Papa Tau Moe) - Hawaii to Calcutta

Stéphane Edouard - One Last Time - Pondicergy Airlines

Mister Ott - Steam - In the Flow

The Cavemen - Who No Know Go Know


Episoden

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow

Global and Individual

Dancy Beats begéine latino an aner Aflëss, e perséinleche Songwriting aus Liberia an zwou Neiverëffentlechunge méi am Detail
headphones

56 min

play_arrow

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow