arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Engagéiert Causen

Engagéiert Causen

Eng elektriséiert Bouzouki, psychedelesch Uergel Kläng, Deli Teli mëschen d'Lidder aus Griichenland vun de 60er a 70er Joren nei op.


Den Tingvall Trio ass en international besaten Jazz Trio. E besteet aus dem schweedeschen Pianist Martin Tingvall, dem kubanesche Kontrabassist Omar Rodriguez Calvo an dem däitsche Batteur Jürgen Spiegel.


Véier Joer nom Meeschterwierk "Face Your Fear" hieft de Soulmann vun Atlanta Curtis Harding de Rideau op en neie Gospel- a Soul-Titel, deen "Hopefull" iwwerschriwwen ass.


"Je connais qu'un seul endroit, mais c'est pas fréquentable, où l'on joue ce blues là, aussi noir que le sable..." sengt de Bernard Lavilliers zesummen mam Bonga Kuenda, kuerz Bonga genannt, angolanesche Singer-Songwriter vum Album "Causes perdues et musiques tropicales", en Disk, deen 2010 erauskoum.


De franséische Beatmaker Fatbabs huet eng Ep verëffentlecht, fir d'Rettung an d'Erhale vun de Mierer. Den Titel "The Seven" illustréiert d'Buch vum Ian Urbina ...


De Blues vum Alabama Slim ass staark verankert an der Traditioun vun engem Lightnin' Hopkins a Bill Broozny. Den Ufank 80-Järege léist mat sengem neien Album "The Parlor" eng manner-ass-méi-Approche erkléngen, hei si mer un de Wuerzele vum Blues.


Mir entdecken den Degiheugi, Hip Hopper vu St Malo, "Foreglow" ass säin aachten Album an de jonke Saxofonist Léon Phal.


Playlist:



Deli Teli - Boumpam - Boumpam / Single

Tingvall Trio - Ya Man

Curtis Harding - Hopeful / Single

Bernard Lavilliers & Bonga - Angola - Causes perdues et musiques tropicales

Yom - Celebration - Celebration/Single

Fatbabs & Ian Urbina - The Seven Seas - 48° Nord (Inspired by 'The Outlaw Ocean' a book by Ian Urbina)

Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Freedom - Nocturne

Hiatus Kaiyote - Red Room - Mood Valiant

Yelli Yelli - Nedjma - La violence est mécanique

Nina Attal - Shape My Home - Shape My Home / Single

Alabama Slim - Rock Me Baby - The Parlor

Degiheugi - Final Round (feat. Hugo Kant) - Foreglow

Leon Phal - All I've Got - Dust to Stars

Etienne de la Sayette & Renegades of Jazz - Jajinmori Renegades of Jazz Remix (Remix)


Episoden

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow

Global and Individual

Dancy Beats begéine latino an aner Aflëss, e perséinleche Songwriting aus Liberia an zwou Neiverëffentlechunge méi am Detail
headphones

56 min

play_arrow

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow