arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Globetrotter

Globetrotter

De Chan Handpan sengt op franséisch, englesch an an der Berber Sprooch. Am Alter vun 12 Joer krut hien als Eelsten den Optrag, seng Mamm, seng véier Bridder a seng Schwësteren a Frankräich ze begleeden. D'Famill war gespléckt, zanter senger Gebuert, de Papp huet a Frankräich geschafft. Wat eng Aufgab fir en 12 Järegen!


"Lina_ Raül Refree", hiren no sech selwer benannten Album vum leschten Joer gëtt vum Monde als dee beschten Album de Musiques du Monde vun 2020 bezeechent. Si sinn elo op Tournée ...


De klassesche Songwriter Exercice vermëscht sech rar mat afrikaneschen Aflëss, beim Piers Faccini ass dat normal, a säi neien Album "Shapes of the Fall" ass eng weider Pärel!


Mat 13 Joer verléisst de Glen Hansard d'Schoul a lant mat senger Gittar an de Stroosse vun Dublin. Ee Joer nodeems hien (mat 20) d'Rock Band The Frames gegrënnt hat, krut hien e Plackevertrag a spillt d'Haaptroll am Film "The Commitments". "This Wild Willing", seng Aktualitéit, ass en Disk dee faszinéiert.


Playlist:



Chan Handpan - Du Haut de Nous Deux - Avid Aman

Chan Handpan - Shab Nador - Avid Aman

Lina_ Raül Refree - Cuidei que tinha morrido - Lina_ Raül Refree

Piers Faccini - Remember Them - Shapes of the Fall

Piers Faccini - Lay Low to Lie - Shapes of the Fall

Glen Hansard - Mary - This Wild Willing

Glen Hansard - Race to the Bottom - This Wild Willing

Matthieu Saglio - Cherubino - Resonance

Ariane Moffatt - La classe - Incarnat

Dhafer Youssef - Al-Akhtal Rhapsody, Pt. I - Diwan of Beauty and Odd

Turkish Delight - Cascade - Kardan Adam

Liniker e os Caramelows & Assucena Assucena - Ralador de Pia (feat. Tulipa Ruiz & Raquel Virgínia) - Remonta

Gilberto Rodriguez y Los Intocables - Sentimiento Azulejo - Sabor Maracuyá Desnuda

Stand High Patrol - Sleep on It - Nova Tunes 3.1


Episoden

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow