arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ French Connection

French Connection

Kings of Convenience, d'Norweger hunn elo en neien Album, dat no 12 Joer Paus. "Peace or Love" ass dësen iwwerschriwwen an ass eng richteg Crème.


Calexico hire néngten Album "The Thread That Keeps Us" ass en Disk, dee vollgepaakt ass mat Geschichten iwwert d'Grenzpolitik an Ëmwelt-Katastrophen, schéi wier et, wann d'Musek d'Welt verännere kéint ... e bëssen trëfft et jo zou.


Gläich e puer inspiréiert Artisten aus Frankräich bei One World, dorënner de Sylvain Texier, e Museker vu Rennes, dee mer scho kennen ënner dem Numm The Last Morning Soundtrack oder als Ô Lake. Hien huet d'Biller zu "Gerry" musikalesch illustréiert, de Film vum Gus Van Sant, deen 2002 erauskoum.


De Raoul Vignal huet eng Zäitchen zu Berlin gelieft, ass elo zeréck zu Lyon. Et ass allerdéngs net an der Stad, mee am Gréngen, op enger isoléierter Plaz, wou säin neien Album "Years in Marble" entstanen ass.


Wann de Mark Lanegan eng Kollaboratioun ageet, da kënne mer bal sécher sinn, datt hien neien Terrain betrëtt. Mam englesche Gittarist Duke Garwood huet hien eng kleng Pärel agespillt, un déi mer hei erënneren.


Playlist:



Kings of Convenience - Rocky Trail - Peace Or Love

Kings of Convenience - Catholic Country (feat. Feist) - Peace Or Love

Calexico - Frank's Tavern - Frank's Tavern

Calexico - Curse of the Ride (Bonus Track) - The Thread That Keeps Us

Calexico - Longboard (Bonus Track) - The Thread That Keeps Us

Sebastien Guerive - Menkalinan (feat. Laurent Hilairet) - Omega Point

Ô Lake - Gerry (Music Inspired by the Motion Picture) - Gerry's Theme

Raoul Vignal - Red Fresco - Years in Marble

Mark Lanegan & Duke Garwood - Manchester Specia - Black Pudding

Mark Lanegan & Duke Garwood - Black Pudding - Black Pudding

Isobel Campbell & Mark Lanegan - Sunrise - Hawk

Johnny Cash - Hurt - American IV: The Man Comes Around

James Eleganz - Lasso the Moon - The Only One

Marc Moulin - Day Fever - Top Secret

Papanosh - Monsieur Shadows (with Roy Nathanson & Mark Ribot) - Home Songs

Papanosh - K'arallanta (with Roy Nathanson, Mark Ribot & Linda Olah) - Home Songs


Episoden

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow