De Grondsteen fir d'Adolphe-Bréck gouf de 14. Juli 1900 vum Groussherzog Adolphe geluecht. Virun 118 Joer, de 24. Juli 1903, gouf d'Bréck fir de Verkéier opgemaach. Si krut och den Numm Nei Bréck, dat well et schonn eng Bréck iwwer de Péitrussdall gouf, déi Al Bréck, déi och Passerelle genannt gëtt. Déi Nei Bréck ass 153 Meter laang an 42 Meter héich. Si verbënnt, nieft der Passerelle d'Alstad mam Garer Quartier. Eng leschte Kéier gouf d'Bréck vun 2014 bis 2017 komplett restauréiert, verbreet, fir den Tram fit gemaach a krut och ee Passage fir Vëloen.
arrow_back_ios