Den 31. Juli 1981 knuppt zu Diddeleng ee belsche Militärjet um 13:36 Auer an enger Héicht vun 150 Meter an de Fernseetuerm zu Diddeleng. D'Maschinn zerbrécht an zwee Deeler a geet direkt duerno an engem Feierball op. Eng Turbinn buert sech a 500 Meter Distanz an de Buedem, een Deel vum Tank fält bis an d'ARBEDs-Halen a Wrackdeeler buere sech an der Vuelmerenger-Strooss an de Makadamm. Wéi duerch ee Wonner bleiwe 65 Kanner an zéng Educateuren aus der Diddelenger Bëschschoul vum Ongléck verschount.
arrow_back_ios