arrow_back_ios

One World

Rhapsody

Lauschteren play_arrow
headphones

60 min

"Rhapsody" steet fir en experimentellen Betribssystem an dorëms geet et dem däitsch-franséische Clavierist Frank Woeste, dat heescht e fräien a perséinlechen Ëmgang mat der Musek.


"Muqata'a" steet fir Boykott oder fir ze ënnerbriechen. Esou nennt sech e palästinensesche Rapper an Dj, deen als de Godfather vun der Underground-Hip-Hop-Zeen zu Ramallah bezeechent gëtt.


Mir entdecken den Ignacio Maria Gomez, argentinesche Museker, deen afrikanesch Aflëss a seng Musek integréiert. "Belesia" ass säi schéinen Debut iwwerschriwwen.


Och de südafrikanesche Quartett Urban Village huet en éischten Album verëffentlecht, deen traditionell Xhosa a Zulu Stiler erklénge léisst. Mat sengem siwenten Album "Shapes of the Fall" stellt de Piers Faccini d'Fro, wéi ee mam Zesummebroch vun der Welt liewe kann. E wichtegt Theema, dat de Piers Faccini mat Poesie ugeet. Musikalesch ass den Album "Shapes of the Fall" e Songwriting vum Feinsten.


"E-Life", deen neien Album vum Yannic Seddiki Trio léisst d'Geschicht vun der Dualitéit erkléngen. D'Dualitéit vun enger hyper-connectéierter Welt, an där jiddweree mat dausende Persounen uechter d'Welt kommunizéiere kann, mee wou d'Solidaritéit an d'Bridderlechkeet tëschent de Mënsche lues a lues der Keelt vun de virtuelle Rapporte Plaz mécht.


Ganz fein ass d'Fieder an och de Klang vum Gittarist Thibaud Defever zesumme mam Le Well Quartet fir den delikaten Album "Le temps qu'il faut". Deen zu London baséierte Poet Anthony Jospeh consultéiert d'Spirits (an net d'Spirituosen) vun der karibescher Diaspora mat der Fro, wat mer da brauche fir eng besser Welt ze schafen.


An der purer Freed gewidmet ass "A Joyful Sound", leschten Opus vum amerikanesche Soulmann Kelly Finnigan, en zukünftege Klassiker!


Playlist:



Myles Sanko - Rainbow in Your Cloud - Memories of Love

Myles Sanko - Where Do We Stand - Memories of Love

Frank Woeste - Parlance - Pocket Rhapsody II

Muqata'a - Uru Salem (feat. Mehdi Haddab & Walaa Sbait) - Electrosteen

Urban Village - Ubusuku - Udondolo

Ignacio Maria Gomez - Tchen Dorò - Belesia

Piers Faccini - Levante - Shapes of the Fall

Thibaud Defever & Le Well Quartet - L'artillerie lourde - Le temps qu'il faut

Yannic Seddiki Trio - A New Day - E-Life

Yannic Seddiki Trio - Black or White Hat (feat. Robinson Khoury & Camille Passeri) - E-Life

Anthony Joseph - The Gift - The Rich Are Only Defeated When Running for Their Lives

Kelly Finnigan - Just One Kiss - A Joyful Sound


Episoden

Beats, Jazz & more

Hypnotesch, melancholesch, däischter oder grooveg Titelen aus verschiddene Genren.
headphones

55 min

play_arrow

From Now & Then

Neo-Soul, Surf-Rock, e Sënn fir Groove, Laid-Back instrumental-Titelen an e puer onëmgänglech Klassiker.
headphones

57 min

play_arrow

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow