arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Rainbow Warrior

Rainbow Warrior

"Tempo Tempo!" ass en Hommage un den Tony Allen vum Fixi & Nicolas Giraud, déi ëmmer erëm mam nigerianesche Batteur zesummegespillt hunn, an déi haut mat existéierenden Enregistrementer vu senger Batterie hier eegen Instrumenter derbäi gefüügt an en neien Dialog mam verstuerwene Museker a Frënd, etabléiert hunn.


De Mama Sissoko, dee laang Zäit mam Ali Farka Toure gespillt huet, an deen och de Blues mat den traditionelle Kläng verbënnt, gëtt haut selwer ugesinn als e Pilier vun der Musek aus dem Mali.


An engem fréiere Killraum zu Bréissel opgeholl ass deen drëtten Album "Eiskeller" vum Rover, Timothée Régnier mam richtegen Numm. Wat eng Iddi sech an esou e Lieu zeréckzezéien, wou et ni méi wéi aacht Grad sinn, wou keng Mënscheséil wäit a breet ass, a wou d'Atmosphär nëmme Keelt erëmgëtt ...dem Rover seng Kläng sinn alles anescht wéi kal!


Raoul Vignal, de franséische Sänger a Gittarist ass op der ganzer Ligne delikat! Vu senger duusser Stëmm iwwer seng Fingerpicking Technik bis hin zu senge Kompositiounen.


Ëm Charakterstudië geet et am Album "The Monster Who Hated Pennsylvania" vum amerikanesche Museker Damien Jurado. Egal ob d'Helena oder den Tom, Johnny oder d'Jennifer, déi verschiddenen Etappe schwätze vun hire Leiden.


De franséische Beatmaker Fatbabs collaboréiert mam Ian Urbina um Album "48° Nord", en Disk, deen um Buch "The Outlaw Ocean" vum Ian Urbina baséiert. Do geet et ëm Kriminalitéit an net-gesetzlech Aktivitéiten an internationale Gewässer. Den Urbina huet verschidde Beatmakers sollicitéiert fir bei dësem internationalen Album matzemaachen, deen d'Buch musikalesch illustréiert.


Playlist:



Fixi & Nicolas Giraud - Oto (feat. Maïa Barouh) - TEMPO TEMPO! (A Tony Allen Celebration)

Mama Sissoko - Touba - Soul Mama

Nesrine - Vitamine C - Nesrine

Green Moon Tribe - City Wok (feat. Lorcan Fahy, Téo Crommen, Lucas Deru, Antoine Dawans, Antoine Rotthier & Thierry Crommen) - Tribe

Rover - To This Tree - Eiskeller

Fatbabs & Ian Urbina - The Seven Seas - 48° Nord (Inspired by 'The Outlaw Ocean' a book by Ian Urbina)

Branford Marsalis - The Story of Memphis Green - Ma Rainey's Black Bottom (Music from the Netflix Film)

Raoul Vignal - Red Fresco - Years in Marble

Damien Jurado - Dawn Pretend - The Monster Who Hated Pennsylvania

The Breath - Let The Cards Fall (acoustic)

dZihan & Kamien - I've Seen ...- IV

Fatbabs & Ian Urbina - The Rainbow Warrior - 48° Nord (Inspired by 'The Outlaw Ocean' a book by Ian Urbina)

Matthew Halsall - It's What We Do (Bonus Track) - Colour Yes (Special Edition)


Episoden

Electro-Fusion

Elektro-Métissagen mat Soul, arabesche Kläng an R&B, inspiréiert Kollaboratiounen an atmosphäresch Klanglandschaften.
headphones

57 min

play_arrow

L’anghjuli (A-Filetta)

World-Fusioun aus de 90er a vun haut, en Hommage un de Grënner vum Mali-Empire, Vokal-Traditiounen an e legendäre Blues.
headphones

57 min

play_arrow

International

Vun Atmosphäresche Klanglandschaften bis zum Progressive Pop-Funk am Retro-Stil an e Mammut-Projet dee Süd-Afrika mat England verbënnt.
headphones

57 min

play_arrow

Experiments

Verschidde Stiler aus Latäin-Amerika, Renconteren tëscht de Genren a musikalesch Experimenter
headphones

57 min

play_arrow

"The Thread That Keeps Us" (Calexico)

Nei an onëmgänglech Disken, interessant Kollaboratiounen an Hannergrënn sichtbar gemaach.
headphones

56 min

play_arrow

Global Sounds with Roots

Zäitgenëssesch Kläng aus dem Sudan, dem Maghreb a Brasilien ... a rare Pärelen aus engem bekannte Gittarist senger Solo-Karriär
headphones

57 min

play_arrow

Here and Beyond

Nei Diske vu bekannten a manner bekannten Artisten, Rock, Singer-Songwriting mat sozial-kriteschen Aussoen a Reflexiounen an e Produzent, deen en onverkennbare "Touch" huet.
headphones

57 min

play_arrow

"You'll Have to Scream Louder" (Tindersticks)

Musek aus Äthiopien, aus dem Brasilie vun de 70er Joren a vun Haut, an nach e puer aner onëmgänglech Lidder déi de Bols vun der Zäit fillen.
headphones

57 min

play_arrow

"The Love Chapter: Lessons from a Human Heart" (Whitney Coleman)

Eng smooth Rees duerch d' Genren an en engagéierten Album.
headphones

57 min

play_arrow

World Gone Wrong

Musek aus Krisegebitter, Theemen iwwer d Fräiheet, dem Wonsch no Fridden an der Feststellung, datt den Himmel dach iwwerall déi selwecht Faarf huet ...
headphones

55 min

play_arrow

A Summer Soundtrack

Musek aus Brasilien, Argentinien, West-Afrika, Tunesien, Marokko ...

“Gravity Freeze“ (Little Barrie)

Nei spannend Disken, mir kréien e Virgeschmaach op d'Aktualitéit vun Helado Negro, Rodrigo y Gabriela, Saul Williams, Fiona Apple, Little Barrie, Beck ...
headphones

57 min

play_arrow

"La mezcla es lo puro. Lo puro está en la mezcla" (Hirahi Afonso)

D'Pionéier vun der afrikanescher World-Musek, de Blues aus der Sahara, e faméise Gittaren-Duo an en interessante Gedanke vun engem kanaresche Museker
headphones

57 min

play_arrow

Worldwide

R&B, Soul, Reggae ... an e puer Klassiker

Together we're stronger

Kollaboratiounen déi verdäitlechen, datt an der Zesummenaarbecht de musikaleschen Ausdrock u Räichtum a Freed gewënnt.
headphones

56 min

play_arrow

New Tracks

Lauter Aktualitéiten dës Kéier um Programm, déi vu Kim Gordon, Little Barrie, Jack White, Muse, Tricky, Helado Negro an och e Virgeschmaach op deen neien Album vun de Stones!
headphones

56 min

play_arrow

Festival de Wilz 2026

E Bléck op de Wëlzer Festival an e puer Nei-Verëffentlechungen

Summer’s coming

E Retour an d’70er Joren, gudde Singer-Songwriting an e puer exzellent Zesummenaarbechten
headphones

56 min

play_arrow

Home Songs

Musek aus Westafrika, Europa, dem Iran, Palästina, Amerika … an en Jazzdisk vun engem Rocker.
headphones

56 min

play_arrow

Womad - Gent Jazz Festival

Jamaika, Iran, Afrika an en Openthalt am australeschen Outback
headphones

58 min

play_arrow