Europa Aktuell
Grande-Duchesse Maria Teresa vun UNO ausgezeechent
D'Grande-Duchesse Maria Teresa gouf vun der UNO ausgezeechent. Fir hir Aarbecht an der ASBL Stand, Speak, Rise Up krut d'Grande-Duchesse vun der UNO Spezialbeotraagte Pramila Patten den Titel vu "Championne am Kampf géint sexuell Gewalt bei Konflikter". D'Zeremonie war d'leschte Freideg am groussherzogleche Schlass zu Colmer-Bierg. No der Reform vum Haff, déi aus dem Waringo Rapport ervirgoung, war et en Evenement, dat no den neie Reegelen, vun der Trennung tëschent privaten an ëffentleche Funktiounen, organiséiert a finanzéiert gouf. De Pierre Reyland informéiert.