Europa Aktuell
Onofhängegen Eethikrot fir méi Lobbytransparenz
Op Ëmweltschützer oder Industrievertrieder: Zéngdausende vu Lobbyiste sinn zu Bréissel aktiv. Hire But: D'Politik vun der EU an hirem Sënn ze beaflossen.
Zanter e puer Joer gëlle fir si an och fir EU-Beamten, Parlamentarier oder Kommissären, déi de Beruff wiesselen, Reegelen, déi fir méi Transparenz suerge sollen an och dofir, datt et net zu Interessekonflikter kënnt.
D'Reegele si gutt, just si ginn net ëmmer agehalen - esou d'Kritik vun ONGen. Gëschter huet sech d'Europaparlament dofir ausgeschwat, datt een onofhängegen Eethikrot dofir suerge soll, datt dat sech ännert. D'Iddi ass net onëmstridden. Hannergrënn vum Danièle Weber.