Den 25. September 1983 goung am Frankräich déi 417 Kilometer laang TGV-Streck vu Paräis op Lyon an hirer kompletter Längt op. Den 22. September 1981 hat de franséische President François Mitterrand schonn een éischten Deel vun där Streck ageweit. Dës Héichgeschwindegkeetsstreck tëscht den zwou gréisste Stied am Hexagone huet d'Reeszäit op 2 Stonnen verkierzt. Domat war den TGV bal duebel esou séier wéi dee bis dohin schnellsten Zuch tëscht Paräis a Lyon.
arrow_back_ios