Europa Aktuell
/ Europa Aktuell: Klimaschutz a Landwirtschaft: Wéi kohärent ass d'Politik vun der Lëtzebuerger Regierung?
Europa Aktuell: Klimaschutz a Landwirtschaft: Wéi kohärent ass d'Politik vun der Lëtzebuerger Regierung?
D'Landwirtschaft ass europawäit ëmmerhin fir 10 Prozent vun den Emissioune vu klima-schiedlechen Zäregasen responsabel. D'Europäesch Kommissioun wëll dofir suergen, datt och dee Secteur säin Deel zum Klimaschutz bäidréit.
Am Fong ass ee sech an der EU doriwwer eens. Wann et awer méi konkret gëtt, hält sech d'Begeeschterung, déi Politik ëmzesetzen, deels a Grenzen. Eng Partie EU-Landwirtschaftsministeren hunn déi läscht Woch hir Bedenken ugemellt. Dorënner och Lëtzebuerg.
Dobäi steet een am Fong hannert den Ziler, verséchert d'Regierung - wéi passt dat zesummen? Danièle Weber ass där Fro nogaangen.