Europa Aktuell
Lockdown a Lettland: D'Situatioun an Osteuropa spëtzt sech zou
D'Corona-Pandemie ass nach net eriwwer.
Dëse Saz, deen esou dacks vu Politiker, och hei am Land, gebraucht gëtt, kritt den Ament op anere Plazen an Europa eng ganz aktuell, eng brisant Bedeitung. Spideeler, déi iwwerfëllt oder haart un der Grenz vun hire Capacitéite sinn - dat ass nees Realitéit an enger Partie Länner - wéi zum Beispill a Rumänien, wou déi lescht Woch all Dag iwwer 500 Leit u Covid-19 gestuerwe sinn.
Niddreg Impftauxen an héich Infektiounszuele suergen och a Bulgarien fir eng ugespaante Situatioun. Lettland huet déi lescht Woch als éischt EU-Land nees e Lockdown ausgeruff. D'Danièle Weber mat engem Bléck op déi aktuell Hotspotten an Osteuropa.