Europa Aktuell
Hausse vun den Energiepräisser: EU-Länner weider oneens
Dobausse gëtt et lues a lues méi kal, op ville Plazen an der EU huet d'Saison ugefaangen, an där een doheem d'Heizung muss umaachen. Dat kéint dëse Wanter däitlech méi deier ginn, wéi an de Jore virdrun. D'Hausse vun den Energiepräisser mécht ville Regierunge suergen.
Allerdéngs gëtt ee sech net eens doriwwer, op een als EU dorop zesummen äntwert. Déi lescht Woch gouf ee sech um EU-Sommet net eens, gëschter hunn d'Energieministeren de Suivi gemaach - mee och si sinn net vill méi wäit komm. D'Danièle Weber huet d'Diskussioun um Kierchbierg suivéiert.