arrow_back_ios
Europa Aktuell
COP26: Éischten Dag op der Welt-Klimakonferenz
Zu Glasgow hu Staats- a Regierungscheffe wéi den US-President Joe Biden bei der UN-Klimakonferenz nach eng Kéier Alarm geschloen. Do soll iwwer déi nächst zwou Wochen en Accord fonnt ginn dee kloerstellt, wéi de Kampf géint de Klimawandel finanzéiert ka ginn. Déi grouss Industriestaate solle méi fréi wéi geplangt Klima-neutral ginn, a räich Länner solle méi Suen un déi aarm Länner ofginn, déi elo schonn um Klimawandel leiden.
Eise Korrespondent Philip Crowther ass zu Glasgow an huet dee n éischten Dag vum Sommet resuméiert.