Europa Aktuell
EU Parlament fuerdert Gesetz géint SLAPPS
SLAPP, Strategic Lawsuits against Public Participation, ass d'Ofkierzung fir, wuertwiertlech iwwersat, eng strategesch Klo géint ëffentlech Participatioun - gemengt si Plainten, déi d'Justiz mëssbrauchen, fir Kritiker anzeschüchteren. Mënscherechtsorganisatioune maachen drop opmierksam, datt et ëmmer méi där Affäre viru Geriicht ginn, déi zum Beispill géint Journalisten oder Aktiviste lancéiert ginn, mam But si roueg ze stellen.
An der EU gëtt et dogéint nach kee Gesetz, an d'Europaparlament hätt gären, datt sech dat ännert. Haut gëtt am Parlament iwwer ee Rapport ofgestëmmt, deen als Basis fir ee Gesetz gëlle kéint. D'Agathe Cherki huet den Debat am Parlament suivéiert.