arrow_back_ios
Biotop
Erfarunge mat Photovoltaik
Fir eppes géint de Klimawandel ze maachen, muss an Zukunft méi op erneierbar Energie gesat ginn. Do kann dann och jidderee mathëllefen, andeems een zum Beispill eng Solaranlag op den eegenen Daach setzt. Mee ass dat einfach, ass et komplizéiert an u wat muss een do alles denken? De Pit Walté huet dës Froen dem Jérôme Staudt gestallt, dee selwer rezent op de Wee gaangen ass, Photovoltaik op den eegenen Daach z'installéieren.