Europa Aktuell
/ Europäesche Mindestloun: "EU-Parlament geet mat staarker Positioun an d'Verhandlungen"
Europäesche Mindestloun: "EU-Parlament geet mat staarker Positioun an d'Verhandlungen"
Eng nei EU-Direktive soll de Kader festleeën, fir Mindestléin an de 27 EU-Memberlänner awer och dofir suergen, datt méi Salariéën an der EU iwwert ee Kollektiv-Vertrag ofgedeckt sinn.
Am Europaparlament gouf an de leschte Méint iwwert déi Propose diskutéiert - deels hefteg - well et ass zwar eng grouss Majoritéit dofir, ma d'Géigner si bis um Schluss bei hire Positioune bliwwen. D'Parlament huet seng Positioun elo definéiert, d'Memberlänner maachen dat Uganks der nächster Woch.