arrow_back_ios
Europa Aktuell
EU sicht no Äntwert op russesch Menace par Rapport zur Ukrain
Der Nato no huet Russland zanter enger Zäit a Regiounen no bei der Grenz mat der Ukrain tëschent 75 an 100.000 Zaldote stationéiert. Doriwwer, wat genee de But vun där Aktioun ass, kann nëmme spekuléiert ginn. D'USA hunn däitlech gemaach, datt Russland am Fall vun engem Amarsch an d'Ukrain mat haarden ekonomesche Konsequenze rechne muss.
D'EU wëllt och däitlech reagéieren, mee wéi genee ass nach net gewosst - wéi d'Reunioun gëschter vun den EU-Ausseministere gewisen huet. D'Danièle Weber informéiert.