D'Fotographie ass de Sujet. D'Natasha Ehrmann kuckt duerch dem Patrick Galbats seng Lëns. Tëschent 2010 an 2016 huet de Patrick Galbats fir d'Wochenzeitung Land déi politesch, kulturell an ekonomesch Aktualitéit couvréiert an eng gewëssen artistesch Fräiheet entwéckelt, eng Vermëschung vu journalisteschen a poetesche Biller, déi ëmmer am Bild de Resumé vum Artikel zeréckginn hunn - ëmmer iwwer de Wee vu Mënschen a Situatiounen. Nieft senge Kommissiounsaarbechte fir d'Press an ONGen, läit dem Patrick Galbats säi Fokus op der Evolutioun vun der Gesellschaft. An de leschte Joren huet seng Fotografie sech vum sozialen Dokumentarfilm bei ee méi subtillen Dokumentaire-Stil verlagert, wou Landschaften ëmmer méi wichteg ginn. Duerch si fillt hie sech als Zeie vu senger Ära a behandelt Theemen, déi him um Häerz leien, alles mam Mënsch am Fokus, säi léifste Sujet.
arrow_back_ios
Sot emol
Patrick Galbats
headphones
49 min
Lauschteren
play_arrow

Episoden
Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur
De Kulturmënsch fir en eosu ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo
No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch
Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun
Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"
D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun
Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater
D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7
Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen
Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass
Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"
De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter
Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller

Dat dierf ni méi geschéien!
Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur
De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo
No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem
Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course
D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
