Hie gehéiert ouni Zweiwel zu de ganz bekannte Schrëftsteller an och Erzieler zu Lëtzebuerg, de Jhemp Hoscheit, e gewieften Observateur, e fäinen Ironiker an e Meeschter vum Wuert. Ob elo mat sengem wuel bekanntste Roman “Perl oder Pica” bis bei säi leschte Roman “Ouninumm”, de Jhemp Hoscheit bréngt et ëmmer nees fäerdeg mat vill Déift, Humor an enger flotter a preziser Sprooch, den Alldag an de Mëttelpunkt ze setzen. A senge Geschichte fënnt ee Leit wéi s du an ech erëm, Mënschen där mir der bestëmmt kennen, Situatiounen, déi mir all erlieft hunn, als Erwuessenen oder och schonn als Kanner. Déi schéi Säiten an och déi net esou schéi Säite vu Lëtzebuerg beschreift de Jhemp Hoscheit a senge Geschichten, Geschichten an deenen och vill Jhemp Hoscheit selwer mat dran ass. Beim Jhemp Hoscheit léiere mir zum Beispill a “Perl oder Pica“ oder an “Aacht Deeg an de Woch“ Esch aus den 1960er Jore kennen. An hie scheit net prekär Sujeten unzeschwätzen a sengem leschte Roman “Ouni Numm“, wou et ëm Mëssbrauch an d’Suite dovunner geet.
Wat seng Bicher awer och ausmécht ass, datt dat Ganzt ëmmer mat vill Häerz an deem engen oder anere Clin d’oeil geschriwwen ass.
An hie schreift net nëmme fir Erwuessener, mee och fir jonk Mënschen a fir Kanner.
De Jhemp Hoscheit huet franséisch Literatur um Cours an duerno zu Stroossbuerg studéiert a laang als Prof ënner anerem am Jongelycée zu Esch geschafft.
E Schreiwert, bei deem ee spiert, datt hie ganz genee dat gekuckt huet, wat hie schreift, hie kuckt a lauschtert an hien héiert och d’Tëschentéin. Et gi Kënschtler, déi schreiwe Bicher, an et ginn der, déi schreiwe Liewen, de Jhemp Hoscheit mécht béides.
Et kann ee mam Jhemp Hoscheit och laachen, mat senge Cabaretstexter oder senge satireschen Zäitreesen zesumme mam Jules Arpetti, mat de Programmer “Sorry fir den Duercherneen“, “Mäerd alors“, oder “Fréier wor alles.“.
An et ass och e Genoss mam Jhemp Hoscheit ze diskutéieren an dofir ass hien den Invité beim Jean Claude Majerus an der leschter Editioun vun der Emissioun “Sot emol“.