Der Invitée ass Lëtzebuerg net friem, well si ass gebierteg vun Tréier, also ganz no bei eis a si schafft zu Lëtzebuerg an zwar zu Diddeleng an der Muskekschoul. D’Ingrid Schwarz ass Sängerin, Pianistin, Enseignante, Vocalcoach, Chouerarrangeurin, Backgroundsängerin asw., jee alles, wat mat Musek ze dinn huet. An natierlech, wie Musek mécht steet och gären op der Bün an d’Ingrid Schwarz steet ewell scho 40 Joer op der Bün, am Fong vun Ufank vun hirem Liewen un, well d’Musek krut si quasi an d’Wéi geluecht. Hire Papp, de Joe Schwarz, war Chef vum Roncalli-Zirkus-Orchester an deemno huet d’Ingrid Schwarz mat hirer Famill laang am Zirkus gelieft. Studéiert huet si Jazzgesang, huet eng eege Band gegrënnt an nom Doud vun hirem Papp de Joe-Schwarz-Orchester iwwerholl.
40 Joer op der Bün an ëmmer nees nei Iddien: d’Ingrid Schwarz ass zum Beispill een Deel vum Jodelduo Da Yodla. An der Lescht an och an nächster Zäit kommen nei Songs vun der Ingrid Schwarz eraus, deemno eng gutt Geleeënheet si an de Studio ze invitéieren.