Europa Aktuell
EU bréngt zweete Sanktiounspak géint Russland op de Wee
5 min
D'EU huet gëschter Owend op engem Spezial-Sommet ee weidere Pak vu Sanktiounen géint Russland op de Wee bruecht. Betraff sinn de Finanz-, den Energie- an den Transport-Secteur. Dernieft solle weider Persounen op d'Sanktiounleschte gesat ginn, an et soll zu Ännerungen an der Visapolitik par Rapport zu Russland kommen.
Déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen ware sech séier eens. Un den eenzelen Aussoe virun der Reunioun konnt een awer duerchaus ënnerschiddlech Approchen eraushéieren. D'Danièle Weber war fir eis op deem EU-Sommet derbäi.