arrow_back_ios
Europa Aktuell
Finanzsprëtz fir d'Bundeswehr: e Paradigmewiessel?
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
100 Milliarden Euro sollen an déi däitsch Bundeswehr fléissen an zukünfteg wëll d'Bundesrepublik och 2% vum PIB an d'Verdeedegung stiechen, wéi et d'NATO virgesäit. Besonnesch an der SPD vum Kanzler Scholz an och bei de gréngen Regierungspartner ass d'Thema Oprëschtung awer net onëmstridden. An awer gëtt et hei e Konsens: Däitschland muss senger europäescher Responsabilitéit nokommen an zwar och militäresch.