Radioen

On air

Notturno  |  Radiohead - Everything In Its Right Place

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Nora Schleich: "Ech wëll d'Welt an d'Liewe verstoen"

Nora Schleich: "Ech wëll d'Welt an d'Liewe verstoen"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D'Invitée huet en Doktorat an der Philosophie a fuerscht vill Jore schonn iwwer dat Schéint, iwwer ästheetesch Perceptioun a Bewosstsinn, doriwwer, wéi mir dat Ästhetescht verstinn.


Dat huet si ëmmer nach passionéiert, de Wee dohinner huet iwwer den Immanuel Kant geféiert. Philosophie ass hiert Fach. Hire Motto ass: d'Liewen an d'Welt verstoen. Doriwwer eraus wëllt si de Mënschen en Zougang zur Philosophie ginn, fir si zum Nodenken an zur Kontemplatioun unzereegen. Hire Wee huet iwwer d'Uni Lëtzebuerg op Mainz geféiert, wou si un der Johannes-Gutenberg-Universität ënner der Leedung vum Prof. Dr. Matthias Koßler (Philosophie der Neuzeit) zum Immanuel Kant senger "Analytik des Erhabenen" gefuerscht huet.


Am Fokus vun der Nora Schleich hirer Aarbecht steet och d'Reflexioun iwwer dat ästheetescht Erliewen: iwwer elauter Beräicher wéi Molerei, Musek, Theater oder Architektur.


Wéini ass eppes iwwerhaapt Konscht? Wat kann dat heeschen, eppes schéi fannen? Dacks héiere mir vun ästheetesch uspriechend, oder datt eppes wéi gemoolt ausgesäit - d'Goûten an d'Interpretatioune leien dobäi awer dacks esou vill auserneen, wéi et Leit ginn. An awer setze mir e Wäert op d'Konscht, dacks esouguer a Form vun engem abstrakte Präis.


Et ass also net just d'Konschtwierk, dat ee méi genee ënnersiche kéint, mee och d'Roll vun eis, vun hirem Betruechter. Wat fanne mir am Schéinen erëm? Ass een Objet och Konscht, wa keen e kuckt? Wéi gesäit et mam Kënschtler aus? Wéini ass een e Genie? Geet et reng ëm Geescht an Esprit, oder ass do awer nach eppes anescht, dat matspillt? Konscht a Kultur ass fir eng Gesellschaft en noutwennegt Gutt, zanter ëmmer beschäftegt sech de Mënsch mat dësem Beräich.


D'Natasha Ehrmann féiert duerch d'Gespréich.

Episoden

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow