Europa Aktuell
EU diskutéiert iwwer weider Sanktioune géint Russland
5 min
Nom Embargo op Kuel kéint elo och geschwënn een op Pëtrol kommen, dat haten d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen an de Chefdiplomat Josep Borrell no hirer Visitt an der Ukrain ugedeit. Ënner den EU-Memberlänner ginn d'Meenungen doriwwer awer weider auserneen. Dat hunn d'Diskussiounen gëschter op der Reunioun vun den EU-Ausseministeren zu Lëtzebuerg gewisen. De Moment wier et méi wichteg, Waffen ze liwweren, wéi ee weideren Embargo ze decidéieren, sot zum Beispill de Lëtzebuerger Ausseminister. D'Danièle Weber huet d'Reunioun um Kierchbierg suivéiert.