Radioen

On air

Notturno  |  Little Simz - Angel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Claude D. Conter: "Op Première koum de Choix fir d'Literatur"

Claude D. Conter: "Op Première koum de Choix fir d'Literatur"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Zanter 2020 ass de Claude D. Conter Direkter vun der Nationalbibliothéik. Virdru war hie laang Jore Responsabel vum Centre national de littérature zu Miersch.


Vu Formatioun ass de Claude D. Conter Germanist a Literaturwëssenschaftler an nieft der Sprooch an der Literatur interesséiert hie sech vill fir d'Geschicht vun de Bicher an de Bibliothéiken. Als Direkter vun der Nationalbibliothéik ass hie mat ville verschiddene Projeten a Chantiere chargéiert, wéi zum Beispill enger neier Software. Op alle Fall faszinant Projeten, déi d'Bibliothéik an der Vernetzung an dem Notze weiderbréngen.


De Wee bei d'Liesen an d'Literatur huet beim Claude D. Conter scho ganz fréi ugefaangen, als Kand huet hie scho vill geliest, ënner anerem BDe wéi den "Tintin". Hien ass an enger Famill grouss ginn, an där si zwar ni an eng Bibliothéik gaange sinn, mee an dàr ëmmer gesot gouf, wann een d'Bicher gären hätt, da wieren dofir och Suen do. Seng Elteren hunn d'Bicher alleguerte kaf an deemno gouf vill gelies.


Et ass awer net esou, datt d'Liesen als Kand de Claude D. Conter op de Wee vun der däitscher Literaturwëssenschaft bruecht huet. De Claude Conter wollt u sech Medezin studéieren, an hien huet sech eréischt op der Première anescht decidéiert.



"Och e bëssen ënner dem schéinen Afloss vun engem Däitschproff, deen ech dräi Joer hat, dat war de Gast Mannes. Also eng Geschicht, déi mir ëmmer afält: Hien huet deemools vum Arno Schmidt "Zettel's Traum" mat an d'Klass bruecht. Hie war deemools scho bei de Schüler bekannt, als een, deen Bicher gären hat, e Collectionneur war. (...) Et war d'Faksimile-Ausgab vun "Zettel's Traum", déi huet e gewëssenen Wäert an hien huet déi einfach an d'Klass ginn, déi ass duerch Bänke gaangen. An dat war e besonneschen Ament, well mir wossten, datt et e besonnescht Buch war."




Episoden

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow