Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - Gold Coast Sinkin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Nadine Barthel: "D'Gebuert huet 100.000 Ausweeër"

Nadine Barthel: "D'Gebuert huet 100.000 Ausweeër"

headphones

46 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De 5. Mee ass internationalen Dag vun der Hiewan. Zanter 1991 gëtt deen Dag all Joer op deem Dag an iwwer 50 Länner zelebréiert, fir op d'Bedeitung vun dësem Beruff opmierksam ze maachen. Am Virfeld schwätzt d'Nadine Barthel iwwer d'Magie vum Liewe schenken, a wat si alles erlieft huet an hiren zwou Dekaden Experienz.


Hiewan ass deen eelste Fraeberuff vun der Welt, geet op d'Antik zeréck, dem Sokrates seng Mamm war Hiewan. Si huet deemools scho verstanen, datt de Beruff doranner besteet, villes mateneen ze sinn. Am Mëttelalter goufen Hiewanen awer als Hexen diffaméiert a verfollegt.


Eng Hiewan gëtt mat wéinegen techneschen Hëllefsmëttelen eens. Si gebraucht haaptsächlech hir natierlech Sënner, d'Gehéier, de Geroch, d'Beréieren, d'Kucken. Hiert wichtegst Instrument sinn hir Hänn fir d'Lag, d'Gréisst, d'Vitalitéit an och d'Positioun vum Kand festzestellen.


D'Nadine Barthel ass Presidentin vun der Association Luxembourgeoise des Sages Femmes - der ALSF. D'Associatioun bréngt Hiewanen zesummen, déi sech zu Lëtzebuerg duerch eng grouss kulturell Diversitéit auszeechnen. Hir gemeinsam Passioun an hiert Engagement fir d'Famill féieren automatesch zu enger Eenheet, déi schwéier ze trennen ass.


D'Hiewanskonscht ass zanter dem 29. Juli 2019 am nationalen Inventar vum immaterielle Kulturierwen zu Lëtzebuerg ageschriwwen. Am Mäerz 2022 hunn Däitschland, Kolumbien, Zypern, Kirgisistan, Lëtzebuerg, Nigeria, Slowenien an Togo bei der UNESCO eng multinational Kandidatur agereecht fir d'Hiewanskonscht op déi representativ Lëscht vum immaterielle Kulturierwe vun der Mënschheet ze bréngen.


Zu Lëtzebuerg erkennen de Staat, de Corps médical an d'Gesellschaft d'Konscht vun den Hiewanen un. Verschidden ëffentlech Plaze sinn nom Numm vun enger Hiewan benannt, fir d'Erënnerung un eng Persoun an hiert Kënnen am Déngscht vun de Generatiounen oprecht ze erhalen.

Episoden

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow