Radioen

On air

Notturno  |  Little Simz - Angel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Manuel Cardoni: "E Liewe fir a mam Fussball"

Manuel Cardoni: "E Liewe fir a mam Fussball"

Dee weltwäit populäerste Sport steet am Mëttelpunkt vun der Emissioun: de Fussball. Invité beim Jean Claude Majerus ass de Manuel Cardoni, aktuell Directeur Technique National bei der FLF an och Trainer vun der U-21 an der U-19 Nationalequipe. De Manuel Cardoni huet zu Rëmeleng mam Fussball ugefaangen, a Veräin fir deen haut och nach säin Häerz schléit. Dono koum dann en éischte gréissere Sprong, an zwar bei d'Jeunesse Esch, wou en e puer Mol Champion gouf an och e puer Mol d'Coupe de Luxembourg gewonnen huet.


Dernieft huet de Manuel Cardoni och 68 Mol den Trikot vun der Lëtzebuerger Fussballnationalequipe ugehat an e war an de Joren 1995 an 1996 Fussballer vum Joer. En aner wichtege Schratt huet de Manuel Cardoni 1996 gemaach, wou en nom Nico Braun an dem Roby Langers als drëtte Lëtzebuerger an déi däitsch Bundesliga gewiesselt ass, an zwar bei Bayer Leverkusen.


Eng Zäit wou de Fussballspiller awer mat gemëschte Gefiller zeréck kuckt. De Manel Cardoni ass nämlech mat der Mentalitéit dohinner gaangen: Oh, géi emol kucken war dat gëtt. En ass net dohinner gaangen mam Gedanken sech ze imposéieren. Deemno huet de Manuel Cardoni haut d'Gewëssheet mam Recul vun all de Joren datt hien deemools net deen onbedéngte Wëllen hat sech bei dem Bundesligaveräin duerch ze setzen.


Wou den Manuel Cardoni vun Bayer Leverkusen engagéiert gouf, hat de Veräin sech esou just an der ieweschter Divisioun an Däitschland gehalen. Mä do koum en neien Trainer, de Christoph Daum, an déi Saison hu se mat mat ëm den Titel vum däitsche Champion gespillt.



"De Christoph Daum war déi Zäit fir Leverkusen doudsécher e Seegen, en huet se wierklech erëm no uewe bruecht, fir mech elo manner.(...) Et war en elo keen deen e Spiller weider entwéckelt huet, ausser mat engem gewëssene Potential, dat huet en och net intresséiert.(...) Dat ass kee Reproche un heen, dass e Reproche u mech selwer, datt ech net domadder eens gi sinn, ech hätt mech missen anescht uleeën. (...) No den éischte véier Matcher hunn ech gespillt hat, zu München. Do huet e mech virun der ganzer Equipe gelueft an et war déi éischte Kéier wou e mer d'Wuert adresséiert huet, en huet do gesot: Ich muss noch lernen, wie man kratzt, beisst und spuckt."



No der aktiver Carrière als Spiller war et awer net fäerdeg mam Fussball, de Manuel Cardoni huet als Trainer säi Kënnen a Wësse weider ginn, bis en eben aus dem Fussball als Trainer a Fonctionnaire e Full Time Job gemaach huet. E Liewen fir a mam Fussball.

Episoden

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow