Radioen

On air

Notturno  |  Little Simz - Angel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot emol

100komma7.lu / Sot emol

/ Bob Bertemes: "Ech kréien och nach emol e Muskelkater"

Bob Bertemes: "Ech kréien och nach emol e Muskelkater"

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De 4. August 2019 war wuel e ganz besonneschen Dag fir de Liichtathleet a Bommstousser Bob Bertemes. Et war deen Dag, wou hien op engem Meeting zu Zéisseng d'Bomm 22 Meter 22 gehäit, wat eng Leeschtung war, mat där hie sech op der Weltspëtzt konnt etabléieren. Seng Liichtathleetiks-Karriär huet de Bob Bertemes als Bouf beim CA Bieles ugefaangen, ufanks léiert hien zimmlech all Disziplinne kennen. Esou mat 15 Joer war et kloer, datt d'Bommstousse genee dat richteg fir hie wier.


Als Sportzaldot krut de Bob Bertemes och d'Méiglechkeet säi Sport an deene beschtméigleche Konditiounen ze maachen an och weiderzekommen. Aktuell trainéiert hien bei sengem Trainer zu Mannheim. De Bob Bertemes, deen den nationale Rekord am Bommstoussen an am Diskus huet, preparéiert sech op zwee groussen Eventer, déi nach dëst Joer iwwer d'Bün ginn. Am Juli ass zu Portland an den USA Liichtathleetik-Weltmeeschterschaft an am August zu München d'Europameeschterschaft, woubäi de Bob Bertemes sech awer éischter op d'EM zu Münche konzentréiert.


Et ass schonn e immensen Trainingsopwand, fir datt een als Sportler op deem Niveau wou de Bob Bertemes ass, kann evoluéieren. A besonnesch d'Wanterméint si schwéier, an deene ganz vill Kraafttraining an och Ausdauer um Programm stinn. De Bob Bertemes gëtt och ëmmer nees gefrot, ob hien och nach emol e Muskelkater kritt, a wéi äntwert de Topathleet dorobber:



"Jo! Leider schonn. Ech denken einfach, datt et all Mënsch do e bëssen d'nämlech geet. Du probéiers jo do ëmmer ze puschen. Oft ginn ech einfach heem, grad am Wanter sinn ech komplett zerschoss."



En absolutten Héichpunkt ware fir de Bob Bertemes awer och déi lescht Olympescher Spiller zu Tokio a Japan. An un déi Zäit zu Tokio erënnert de Sportler sech gären zeréck.



"Et war just positiv, et war extreem cool. Et ass wierklech dee Kandheetsdram fir iergendwann eng Kéier dohinner ze kommen. (...) Mee déi Zäit, wou ech do war, war wierklech extreem cool."



Och wann de BIb Bertemes net an déi Olympesch Final koum a vill geschriwwe gouf, datt et eng Defaite war, gesäit de Liichtathleet dat anescht.



"Et ass e bësse schued, datt da just dorobber gemënzt gëtt. Am Endeffekt ass et jo Leeschtungssport, et geet dann dorëms, wéi ee selwer domat ëmgeet. Ech hunn elo kengem iwwel geholl, dee sot, et war mega schlecht an hei an do. Da soen ech: Et passt schonn. (..) Fir mech selwer war et eng extreem cool Experienz."



An en plus huet de Bob Bertemes bei der Ofschlosszeremonie vun den Olympesche Spiller zu Tokio de Fändel vun der Lëtzebuerger Delegatioun an de Stadion gedroen, an dat war fir hien ee "Gänsehaut-Ament".



Episoden

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow
Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

Dany Kaber: De Marathon war hir léifste Course

D'Leeferin Dany Kaber, déi bei den Olympesche Summerspiller 1988 zu Seoul Siwent am Fraemarathon gouf, ass d’Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D'Schauspillerin Annette Schlechter ass déi Kéier d'Invitée beim Jean Claude Majerus an der Emissioun Sot emol.
headphones

56 min

play_arrow